Mir si raus

 

Moossen huelen am Schouhaff

Theme
Activités-nature, VdL
Cycle
C2

Dauer 1 Stonn

Kompetenze vum Léierplang

Mathe (Längenmaße)

Material

  • Meteren
  • wäiss Kräid
  • eppes fir opzeschreiwen (Pobeier oder i-Pads)

Oflaf vun der Aktivitéit

Am Schoulhaff kënnen d’Kanner, zu zwee an zwee, alles moossen, wat méiglech ass (z.B. Poubelles, Bänken, Rutschbahn, asw.) an d’Moossen opschreiwen.

Si zeechnen d’Silhouette vun hierem Partner op de Buedem a mossen déi och (Länge, Breite)

Dës Aktivitéit gët proposéiert vun
Claire Weidert/Schoul Steesel