Vill Aktivitéiten dobaussen
Klass 2.2. Bourscheid
Kodéieren mat Naturmaterialien; Hierscht-Staffel; Viz maachen; Wortschatz am Bësch; Mir moossen mam Kierper; Ausdauer trainéieren mat engem Hierscht Memory. Ze Buurschent huet d'Klass 2.2. vill flott Aktivitéiten kënne maachen an Villes vum Programm mol anescht geübt.
Wanderschof besichen
Klass 4.1. Kléngbetten
Mir waren den 24.10 op Diddeleng bei d‘Wanderschof. D‘Kanner waren immens impressionnéiert vun de Ronn 300 Schof a 40 Geessen. Si hunn immens vill Froe gestallt a goufen vill iwwert déi Aart a Weis vun dëser nohalteger Aktivitéit geléiert.
Rechnen am Honnerteberäich mat Eechelen
Klass 2.2. Reiler
Am Rechen orientéieren mir eis grad am Honnerterfeld. Fir déi verschidden Zifferen besser kennen ze léieren, sollten d’Kanner se mat Eechelen leeën. Fir d’éischt hunn si missen d’Eechelen sammelen an sech dann organiséieren, wéi si d’Ziffere zesummestellen. Dobäi hunn si geléiert, datt et méi séier geet, et mat Zehnerstreifen ze leeën an dann d’Einer nach dobäi.
4 flott Aktivitéiten dobaussen
Cycle 4 Schëffleng
Meng 16 Schüler waren wierklech begeeschtert vun den Aktivitéiten an et huet mech ungereecht, méi oft mat den Kanner dobaussen ze schaffen. Leider kennt dat oft ze kuerz, an wäert och wärend der Epreuven Zäit erëm méi schwéier ginn. Fir eis lëscht Aktivitéit, déi mer wärend der Turnstonn duerchgefouert hunn, hunn mer zesummen mat der Madamm Mentgen hirer Klass zesummeschafft. Esou dass mer zu 32 Kanner am Haff waren, wat enorm vill Spaass gemaach huet.
Spektiven
Cycle 1 Nonnewisen (Esch-sur-Alzette)
Mir waren mat Spektiven ënnerwee.
Rechnen, Konscht, Liesen dobaussen
Klass 2.2. Bur
Landart
Eis Klass huet sech mam Thema Beem am Hierscht beschäftegt. Als Ofschloss vun der Aktivitéit si mir raus gaangen an hu mat Naturmaterialien verschidde Konschtwierker geluecht.
Hütte bauen
Am Bësch hunn d’Kanner d’Méiglechkeet gehat, sech kleng Hütten aus Naturmaterialien ze bauen an hate vill Spaass heibäi.
Geometrie
D’Kanner konnten verschidde Formen mat Blieder leeën.
Muster
Verschidde Musteren sinn mat Blieder an Äscht geluecht ginn.
Honnerterfeld
Mat Kräid gouf en Honnerterfeld opgezeechent an duerno si verschidde Spiller zur Orientéirung am Honnerterraum gemaach ginn.
Leseweg
Mir hunn dobaussen e Lesewg zum Thema „Déieren“ gemaach.
Bingo am Park
P3FR Ecole internationale de Mondorf
Dans le cadre de l'opération "Mir si raus", les maîtresses de P3FR (Cécile Hamen et Mathilde Jasinski) ont organisé un "Bingo pour le Parc" le lundi 24 octobre de 14h00 à 16h00.
Il s'agissait pour les enfants de retrouver des objets ou des éléments dans le parc du domaine thermal de Mondorf-Les-Bains. Les élèves ont été répartis en trois équipes. Chaque équipe a reçu un sac cabas contenant la fiche avec la liste des objets ou éléments à chercher, un crayon de papier, une gomme et une tablette numérique.
Arrivées en haut du parc, les équipes se sont séparées et sont parties chacune de leur côté. Les élèves ont lu la liste et ont commencé à explorer le parc à la recherche d'insectes, d'éléments naturels ou d'objets. Pour certains, il était possible de prendre des photos avec les tablettes.
Au retour en classe, les enfants ont échangé entre eux et ont montré les choses trouvées ainsi que les photos. Chacun a reçu une petite friandise en récompense.
Vullen beréngen
Klass 4.1. Weiler-la-Tour
Mir si d’ Naturschutzgebidd zu Schëtter besiche gaangen a konnten bei enger Berengung vun de Fullen mat dobai sinn. D’ Kanner aus dem C 4.1 konnten esou selwer e Villchen an de Grapp huelen a vu ganz no bewonnneren.
D'Ziffer 1
Klass 2.1. Weiler-la-Tour
Mam C. 2.1 hu mir d’ Ziffer 1 am Bësch agefouert. Als éischt hu si missen t een Naturobjet siche goen ( si kruten eng Lëscht) . Mat dësem Material hu mir eng Ziffer 1 duergestallt. Duerno hu mir selwer e Pinsel aus engem dënne Bengel mam Hummer geschloen fir dann mat selwer gemaachtener Bullisfaarw an Hielännerjus d’ Ziffer 1 op e Blat ze molen.
Blummesom sammelen
Klass 3.2. Weiler-la-Tour
eng weider Aktioun war d’ Sammele vum Som vun der Ringelblume bzw Kalendula. Mir hunn an eisem Schoulgaart zu Weiler-la-Tour de Som gepleckt an duerno mam C 3.2 just de Som erausgesënnert fir en dann a selwer gefalten Tuuten ze paken a mat Heem ze huelen fir do d’ Biodiversitéit weider förderen. Esou guer op russesch ass geschriwwen ginn ;-)
Aktioun Fiz
Klass 3.1. Weiler-la-Tour
Mat engem Cycle 3.1 si mir an de Bongert gaangen, hunn Äppel gepleckt frësch vum Bam ( wat fir vill Kanner ganz nei war) an duerno hu mir si gewäsch a geschielt fir Kompott ze maachen. Duerno hu mir d’ Äppel an der Mille kleng gemaach, a zu leckerem Viz gepresst, deen se dann an hier matgebruechte Fläsch konnten afëllen a mat Heem huelen.
Schwéngercher a co.
Klass C.1. Dreiborn
Mir sinn mat de Becherluppen ronderem d'Schoul kucken gangen, wéieng Déieren mir fannen. Mir hunn eis se ugekuckt a Fotoen gemat, an se rem frar gelooss. Spéider an der Schoul hunn mer an de Bicher nogesicht, wéi eng Déiren mer gesinn hunn, an hunn nach e Plakat erstallt. Well de Kanner dës Aktivitéit sou gutt gefall huet, get se all Mount 1x widderholl, fir ze verglaichen, ob et een déi selwescht Déiren fënnt oder ob daat vum Wieder an der Joreszait ofhängeg ass.
Kodéieren mat Naturmaterialien
Klass C.2.1. Luxembourg-Cents
Zousätzlech zum Coding hunn d‘ Kanner geléiert:
1. All Projet brauch ee Chef, soss get et Chaos 2. Als éischt muss een ee Plang hunn, Idee gi gesammelt an et get demokratesch ofgestëmmt 3. Zesumme kënne mir eppes GROUSSES man! 4. Et get kee schlecht Wieder, just schlecht Kleedung.
Fächeriwwergräifend zum Thema Apel
Klass C.3.1. + 3.2. Wëntger
Vu September bis Enn Oktober hu mir ee Projet zum Thema Apel ausgeschafft an dozou fächeriwergräiwend verschidden Atelierën an Aktivitéiten ugebueden. Wéi Dir an eisem PDF-Dokument gesi wäert, huet et de Kanner vill Spaass gemaach mat desem Projet ze schaffen an ze léieren. Eise nächste Projet zu de Bëschdéier hu mir des Woch elo gestart, a sou wäert et am Laf vum Joer ëmmer weider goën an d'"Schoul dobaussen" ëmmer méi zu eisem alldeeglichen Schoulhalen derzou gehéieren.
Landart a Sklett aus Naturmaterialien
Klass C.4.1. Wëntger
Mir hunn Landart gemach an 2er Gruppen an als ganz Klass an der Konscht. Am Éveil hunn mir dat menschlicht Skelett an d'Skelett vum Hond mat Naturmaterial nogeluecht. Dat huet eis immens vill Spaß gemach well mir esou als Klass zesummen gewuess sinn an un engem Strang gezunn hunn. Mir hunn net missen an der Bänk setzen mee konnten eis vill beweegen a mir werten secher elo méi oft erausgoe.
Verschidden Aktivitéiten
Klass C.1. Roeser
Mir gi 4x an der Woch mat eiser C1-Klass vu Réiser an de Bësch. Am Anhang fannt Dir Fotoen vu verschidde Aktivitéiten, déi mir déi lescht 2 Wochen mat eise Schüler gemaach hunn.
La rythmique du chat
Klass C.3. Bonnevoie-Gellé
Fir d’éischt 3 Sätz (cf annexe) mam ganze Grupp geübt fir am Rhythmus ze schwätzen (di betounte Silb ass am Text ënnerstrach) fir duerno dann och iwwert dem Schwätzen ze goen a mam Fouss di betounte Silb jeweils mi fest ze stoussen.
Wann di 3 Sätz op déi Manéier geübt sinn, da ginn 3 Gruppe gemaach all Grupp iwwerhëllt 1 Satz an di 3 Gruppe schwätzen hiere Satz gleichzäiteg am selwechte Rhythmus (di betounte Silb muss an all Grupp zesumme geschwat ginn – beim 3. Satz muss dat schon zimmlech schnell gesot ginn) wann di 3 Gruppe dann nach esou zesummen am Kreess ronderëm ginn a schwätzen – ëmmer schéin am Rhythmus – dann ass dat e formidable « Sproochekanon a Bewegung ».