Mir si raus

 

Mir si raus

 

“Udeskole” an Dänemark, “Uteskole” an Norwegen, “Outdoor Learning” a Schottland, “Draußenschule” an Däitschland, Éisträich an der Schwäiz, la “Classe dehors” a  Frankräich, l’”Ecole dehors” an der Belsch, “Apprendre au-delà des murs” am Kanada, … A ville Länner gëtt probéiert, d’Schoul ëmmer méi mam Liewen dobaussen ze verknäppen an d’Schoul och mol aus dem Schoulgebai erauszeféieren - an ëmmer méi Klasse probéieren dat och zu Lëtzebuerg.

Ët as erwisen, dass dobaussen ze léieren, positiv Auswierkungen, ënner anerem op déi physesch a psychesch Gesondheet vun de Kanner huet, op hir Sozial-, Selbst- a Saachkompetenz, souwéi op hir Naturverbonnenheet (“Draussen-Lernen” Jakob von Au, Rolf Jucker, 2022).

Och fir Iech als Léierpersoun kann d’Schoul dobaussen sech positiv auswierken: Dir léiert d’Schüler op eng nei Aart a Weis kennen an d’Bezéiunge gi gestäerkt.

D’Mir-si-raus-Wochen hunn als Zil, de Schoulen an de Kanner Loscht ze maachen, eng Rei Léieraktivitéiten, déi un de Plan d’études gebonne sinn, no baussen ze verleeën. D’Iddien an d’Virbereedungen dozou kritt Dir ganz praktesch hei um Site presentéiert. 

Dir hutt d’Gewunnecht nach net, fir Schoul dobaussen ze halen? Hei  schonn e puer Tipps :

  • Sicht Iech eng flott Plaz dobaussen, déi ee ganz einfach ze Fouss kann erreechen, sou dass d’Aktivitéit dobaussen och mol spontan ka stattfannen. De Schoulhaff, d’Duerfplaz oder de Park bidden sech och fir eng Léieraktivitéit dobaussen un.
  • Plangt Är Aktivitéit dobaussen esou, dass d’Kanner déi meeschten Zäit a Beweegung sinn.
  • Plangt genuch Zäit an. Dobausse gëtt et ëmmer vill Interessantes ze entdecken.

An als Bonbon kann all Klass, déi bäi de Mir-si-raus-Woche matmécht, an deenen anere weist, wat se gemaach huet, un engem Concours deelhuelen an deen een oder anere flotte Präis gewannen.

WICHTEG INFO:

An den nächste Woche kritt Dir nach e Link gemailt fir un énger schwäiz-lëtzebuerger Etude iwwert d’Léieren-Dobausse matzemaachen. Mir encouragéieren Iech häerzlech, un dëser Etude deelzehuelen. 

  

Fir weider Informatiounen ze kréien, kënnt Dir eis gär op mirsiraus@men.lu kontaktéieren.

Aktivitéiten

Cycle
Mathé dobaussen
Franséisch dobaussen
Franséisch dobaussen
Franséisch dobaussen
Franséisch dobaussen
Franséisch dobaussen
Franséisch dobaussen
Franséisch dobaussen
Franséisch dobaussen
Mathé dobaussen
Mathé dobaussen
Mathé dobaussen
Naturschoul Lasauvage
Clever move
Clever move
Clever move
Clever move
Makedra Maach (k)een
Makedra Maach (k)een
Makedra Maach (k)een
Makedra Maach (k)een
Makedra Maach (k)een
Makedra Maach (k)een
Makedra Maach (k)een
Activités-nature, VdL
Activités-nature, VdL
Activités-nature, VdL
MiMaMu Mir maache Musek
MiMaMu Mir maache Musek
MiMaMu Mir maache Musek
MiMaMu Mir maache Musek
Bëschschoul Useldéng
Bëschschoul Useldéng
Bëschschoul Useldéng
Bëschschoul Useldéng
Bëschschoul Useldéng
Naturschoul Lasauvage
Naturschoul Lasauvage
Naturschoul Lasauvage
Naturschoul Lasauvage
Naturschoul Lasauvage
Naturschoul Lasauvage
Naturschoul Lasauvage
Naturschoul Lasauvage
Naturschoul Lasauvage
Naturschoul Lasauvage
Naturschoul Lasauvage
Coding dobaussen
Eis gebaute Welt
Eis gebaute Welt
Eis gebaute Welt
Eis gebaute Welt
Eis gebaute Welt
Mathé dobaussen
Mathé dobaussen
Mathé dobaussen
Mathé dobaussen
Mathé dobaussen
Mathé dobaussen