Mir si raus

 

Drama-Atomer

Theme
Makedra Maach (k)een
Cycle
C2
C3
C4

D’Spill an engem Saz: D’Spiller ginn am Équilibre du plateau (iwwerall am Espace dobaussen gläichméisseg verdeelt) iwwer d’Bün/duerch den Espace a mussen sech a méi oder manner grousse Gruppen zesummefannen a weidergoen an sech nees op Wonsch vum Spielleiter individuell verdeelen an nei gruppéieren.

Zil: ALL Kierperkontakt unhuelen an zu 100 % akzeptéieren.

Dauer: 20 Minutte

Kompetenze vum Léierplang

Konscht, Beweegung a Sport

Material

fräi gewielte Musek als Begleedung

Oflaf vun der Aktivitéit

De ganze Grupp trëppelt an ass a Beweegung. Jiddwer Spiller individuell fir sech. De Spielleiter kann zu engem fräi gewielte Moment eng belibeg Zuel an de Raum (also den Espace deen dobaussen definéiert ginn ass) ruffen oder weisen, déi tëschent 2 an der Gesamtzuel vun de Spiller läit a gläichméisseg Gruppen erlaabt.

Wann am Ganzen 12 Spiller op der „Bün“ sinn, da läit dës Zuel also tëschent 2 an 12 an de Spielleiter hätt deemno d’Wiel tëschent den Zuelen: 2, 3, 4, 6 an 12. D’Spiller mussen sech bannent e puer Sekonnen, der Zuel entspriechend, zesummesetzen an am Grupp weider duerch de „Raum“ goen.

De Spielleiter zielt, a wéi enger Zäit d’Gruppe musse stoen. „Drama Atom 4 an 3, 2, 1 lass“. De Spielleiter wielt bewosst dës kuerz Reaktiounszäit, well d’Spiller sech net bewosst hire Grupp zesummestelle sollen, mee villméi mat deene Spiller sollen interagéieren, déi grad an der Géigend sinn. En Drama-Atom besteet ëmmer aus méi wéi engem Spiller. An et muss, wéi béi enger Ketten, physesche Kontakt bestoen, deen sech duerch de ganze Grupp zitt. Dat heescht, et däerf am Grupp kee Spiller ginn, dee mat kengem Kierperkontakt huet.

D’Spiller sinn dauernd a Beweegung, ob individuell oder am Grupp oder wärend dem Wiessel. Wann de Spielleiter an d’Hänn klappt, muss de Grupp sech direkt nees opléisen a jiddwer Spiller individuell fir sech weidertrëppelen, bis deen nächsten „Drama-Atom“ genannt gëtt.

Nobereedung an der Klass

Iwwerleeunge fir an der Klass, also no der Aktivitéit, unzeschwätzen an ze diskutéieren:

• Et geet net onbedéngt drëms, eng Roll ze spillen am Grupp an op der „Bün“. D’Prioritéit ass de Kierperkontakt. Kierperkontakt ze sichen an en awer och zu 100 % ze akzeptéieren. Ech kann och Kierperkontakt hunn a weisen, datt ech mech eekelen. An deem Fall huelen ech zwar Kierperkontakt op, akzeptéieren dësen awer net wierklech. Da riskéiert dës Situatioun éischter ze schueden, well de Matspiller, dee vläicht Bereetschaft weise wollt zum Kierperkontakt, och riskéiert sech zouzemaachen. Et entsteet eng negativ Kettereaktioun, déi net gutt ass.

• Jiddwer Spiller soll sech an deem Sënn och bewosst ginn, wéi wichteg saï Verhalen ass a wéi ee groussen Impakt säi Verhalen op all déi aner Spiller huet, an datt jiddwer Spiller duerch e positiivt Verhalen och de Grupp positiv stäerke kann.

Iddien fir ze differenzéieren

Drama-Atomer mat verschidden Themen (Déieren, Roboter, Zäitlupp, Stress, Léift, asw.)

Dës Aktivitéit gët proposéiert vun

Makedra