
Dauer: 180-360 Minutten
Etapp 1 (Information): 5-10 Minutten
Etapp 2 (Recherche): 45-90 Minutten
• 2.1: 5-10 Minutten
• 2.2: 30-60 Minutten
• 2.3: 10-20 Minutten
Etapp 3 (Reflexion): 70-140 Minutten
• 3.1: 45-90 Minutten
• 3.2: 5-10 Minutten
• 3.3: 5-15 Minutten
• 3.4: 15-25 Minutten
Etapp 4 (Kreative Gestaltung): 60-120 Minutten
Kompetenze vum Léierplang
La langue luxembourgeoise, allemande, langue française – C3
- Production orale
- Compréhension de l’oral
Mathématiques – C3 Espaces et formes
- Analyser et représenter des figures géométriques
- Reconnaître et créer des motifs et des structures géométriques
- Combiner des connaissances géométriques et arithmétiques afin de résoudre des problèmes mathématiques
Découverte du monde par tous les sens, éveil aux sciences, sciences naturelles et humaines / Éveil aux sciences – C3 L’espace
- Explorer des phénomènes
- S’informer de façon ciblée et exploiter l’information recueillie
Material
- Fiche „Eis gebaute Welt – Mission STRASSENZUG“,
- eng Fiche pro Schüler/-In,
- Eis gebaute Welt Rucksak (1x pro Klass),
- Kalkpabeier, Faarwen, Pech, Schéier, Kartong, Schnéier,
- Fotosapparat oder Tablett,
- Drucker
Virbereedung an der Klass
All Informatiounen zur Virbereedung an zum Oflaf stinn op der Fiche.
• Etapp 1 (Information): an der Klass oder dobaussen (am Duerf oder an der Stad wou d’Schoul ass oder op enger anerer Plaz am Land am Kader vun engem Schoulausfluch)
• Etapp 2 (Recherche): dobaussen (am Duerf oder an der Stad wou d’Schoul ass oder op enger anerer Plaz am Land am Kader vun engem Schoulausfluch) an an der Klass
• Etapp 3 (Reflexion): dobaussen (am Duerf oder an der Stad wou d’Schoul ass oder op enger anerer Plaz am Land am Kader vun engem Schoulausfluch) an an der Klass
• Etapp 4 (Kreative Gestaltung): an der Klass oder dobaussen, am Schoulhaff oder op enger Plaz wou d’Kanner hir och Kollektioun virstelle kënnen
Oflaf vun der Aktivitéit
Etappen 1-4 laut Fiche „Eis gebaute Welt – Mission STRASSENZUG“
Nobereedung an der Klass
keng Nobereedung, d’Fiche ass eng komplett Missioun; eventuell d’Kanner em Feedback froen zum Oflaf, zur Motivatioun, zum Léiereffekt.
Iddien fir ze differenzéieren
Etapp 1 (Information):
• d’Thematik verdéiwen duerch wieder Begrëffer ewéi allgemenge Bebauungsplang (plan d’améagement général PAG), Deelbebauungsplang(projets d'aménagement particulers, PAP)…
• Vokabulär op Däitsch a Franséisch aféiere Etapp 2 (Recherche):
• Vertexten op Däitsch an/oder Franséisch
• D’Längt vun der Stroossenzeen variéieren
• Eng Strooss mat vill verschidde Gebaitypen a -stiler eraussichen
Etapp 3 (Reflexion):
• Déi behandelt Stroossen op enger Kaart androen
• Am PAG kucke, wéi d’Haiser an dëse Stroossen klasséiert sinn a wéi déi tatsächlech Bauvirschrëfte sinn
Etapp 4 (kreativ Gestaltung): Maquettë vu Fassadë bauen, méi oder manner detailléiert Fassaden am Moossstaf 1/50 entwerfen a bauen