Mir si raus

 

Wiederkrees

Theme
Makedra Maach (k)een
Cycle
C2

Dauer: 15 min

Kompetenze vum Léierplang

Sprooch – production orale – comprehension de l’oral et de l’écrit – Vocabulaire léieren

Material

Lëscht mat Themen

Virbereedung an der Klass

D’Schüler brauche Plaz fir ee Krees ze maachen.

Oflaf vun der Aktivitéit

  • D’Kanner stelle sech an de Krees.
  • Den Enseignant sicht ee Kand aus, wat ufänkt.
  • Den Enseignant gëtt een Theema vir.
  • Dat Kand, wat ausgesicht gouf, seet ee Wuert, wat mam Theema ze dinn huet. Da seet säi rietsen Noper een anert Wuert, wat mam Theema ze dinn huet.
  • All Kand soll eent nom aneren ee Wuert soen. Wann de Grupp dräimol den Tour gemaach huet, da gëtt d’Theema gewiesselt.

Theme kënnen:

  • Vocabulaire vun engem bestëmmte Buschtaf sinn. (Wieder mat M oder mat Sch)
  • Een Thema aus dem Éveil aux sciences sinn (De Bësch, de Bauerenhaff, …)
  • Ganz allgemeng Theeme sinn (Déieren, eppes fir z’iessen, Saachen aus der Schoul, …)

Nobereedung an der Klass

D’Kanner kënnen a Gruppen eng Lëscht, eng Mindmap oder e Pouster erstelle vun deene Wieder, déi gesot goufen.

Iddien fir ze differenzéieren

Um Ufank ass et ëmmer méi einfach, mat allgemengen Theemen unzefänken. (Schoul, Doheem, Sportaarten, …)

Dës Aktivitéit gët proposéiert vun
Gregory Melmer