Mir si raus

 

Drama Kopie a Paste

Theme
Makedra Maach (k)een
Cycle
C2
C3
C4

D’Spill an engem Saz : Am Equiliber vun der Bün op mäin Numm lauschteren an direkt eppes weisen oder/a stoe bleiwen soubal ech een aneren Numm héieren, nokucken, nospillen an nees kollektiv weidergoen.

Zil : Net ze vill iwwerleeën, spontan an individuell eppes virun dem ganze Grupp spillen oder/an eng Iddi mat Iwwerzeegung, Energie a Spaass einfach kopéieren.

Dauer: 10-30 Minutten

Kompetenze vum Léierplang

Beweegung, Sproochen, Konscht a Kreativitéit.

Material

De ganzen Spillraum dobaussen gëtt genotzt. D’Spill kann am ganzen 3 Mol oder méi gespillt ginn. Eemol kollektiv ( als „ice breaker“), uschléissend nach zweemol am kucken/spille Wiessel. Flott ass et, iwwer eng portabel Anlag (JBL, asw.) Musek lafen ze loossen als Begleedung.

Oflaf vun der Aktivitéit

De Prinzip ass ganz einfach. D’Spiller trëppelen all am Equiliber vun der Bün/dem Espace dobaussen. De Spillleeder rifft ee Virnumm. All Spiller muss direkt stoe bleiwen an op de Spiller, dee geruff ginn ass, kucken. Och de Spiller, deen de „Fokus“ huet, soll, ier hien iergendeppes spillt, mat all Matspiller Aekontakt ophuelen a sech sou mam Grupp „connectéieren“.

De Spiller, deen de Fokus elo huet (also deem säin Numm geruff ginn ass), muss iergend eng „Dommheet“ maachen. Also eppes, wat kuerz ass (2-3 Sekonnen) a gläichzäiteg de Kierper an d‘Stëmm fuerdert an am beschten déi aner zum Laache bréngt. De Spiller selwer dierf awer net laachen. De Spiller huet nëmmen sou laang Zäit sech eppes ze iwwerleeën, bis all aner Spiller am Aekontakt mat him ass, also déi Zäit tëschent dem Ruff vu sengem Virnumm bis zum Moment, wou all aner Spiller steet, an hien ukuckt.

Ass den Drama Akt eriwwer, sinn all déi aner Spiller gefuerdert. An zwar sollen dës all kollektiv, also zesummen a synchron, den Drama Akt kopéieren. Dat heescht, all Spiller imitéiert dat, wat hie gesinn huet. Tëschent dem Drama Akt an dem gemeinsame „Kopie/Paste“ soll awer ee Roumoment vun 2-3 Sekonne respektéiert ginn. Dëse Rou- an och Spannungsmoment ass wichteg fir dëse kollektiven Akt dramatesch ze verstäerken. Ass dem Spiller säin Drama Akt eriwwer, léisst de Spillleeder nach 2-3 Sekonne Rou fir deem Ganzen een Nohall ze ginn. Wann de Spillleeder zweemol an d’Hänn klappt, trëppelt als éischt de Grupp kollektiv weider an dann zum Schluss och de Spiller, deen de Fokus hat. Ab elo kann de Spillleeder een nächste Virnumm ruffen an d’Spill geet sou weider, bis all Spiller op mannst eemol drukomm ass.

Nobereedung an der Klass

  • Den Aekontakt ass an dësem Spill ganz wichteg. Gëtt ee Spiller geruff, ass et ganz wichteg, dësem iwwer mäin Aekontakt de „Fokus“ ze ginn. Ech schenke mengem Matspiller sou Opmierksamkeet, fërderen seng Konzentratioun (iwwer meng eege Konzentratioun) a ginn him Vertrauen, sech fräi a kreativ kënnen auszedrécken. Och als Spiller, deen de „Fokus“ huet, ass et wichteg, all Aekontakter unzehuelen an dës, am Vertrauen, als Stäerkung ze notzen, ier ech mäin Drama Akt deelen.
  • Ech sichen no Originalitéit, andeems ech einfach op meng Kreativitéit lauschteren, ouni mech ze froen, wat déi aner vu mir erwaarde kéinten. Originell ass deemno net onbedéngt dat, wat am opfällegsten ass, mee dat, wat authentesch a ganz perséinlech ass.
  • Natierlech spillen ech Theater a soll meng ganz perséinlech Iddi mat vill Energie an Dramatik duerstellen.
  • Ech gleewe selwer un meng Iddi, well nëmmen da gleeft och mäin Publikum drun. Ech denken drun, datt all Iddi gutt ka sinn, wann ech iwwerzeegt sinn an déi néideg Energie investéieren, fir se duerzestellen.
  • An dësem Spill léieren ech meng Energie op ganz verschidde Manéieren anzesetzen. Vu ganz wéineg op ganz vill innerhalb vun e puer Sekonnen. A vu ganz vill nees op ganz wéineg. Ech léieren sou, meng Energie selwer ze steieren, op si lauschteren ze kënnen, an dës wéi een Instrument benotzen a bespillen ze kënnen.
  • Ech hunn Spaass opfalend, grouss an haart ze sinn an am Mëttelpunkt ze stoen, ma genausou awer och nees am Hannergrond diskret kënnen ze verschwannen an engem anere Spiller meng Platz an der Mëtt ze loossen.
  • Ech si mir bewosst, wéini ech Schauspiller sinn a wéini ech Publikum sinn. Ech probéieren, dës zwou Rollen net ze vermëschen.

Dës Aktivitéit gët proposéiert vun

Makedra