Mir si raus

 

D’Bün/den Espace dobaussen am Gläichgewiicht

Theme
Makedra Maach (k)een
Cycle
C2
C3
C4

D’Spill an engem Saz : D’Bün ass zu all Moment ganz gefëllt mat Spiller.

D’Zil : Individuell a kollektiv Ziler gläichzäiteg op der Bün/dobausse verfollege kënnen.

Dauer: 20-30 Minutten

Kompetenze vum Léierplang

Konscht, Beweegung

Material

Dynamesch Musek als Begleedung fir iwwer eng Anlag (JBL, asw.) lafen ze loosen.

Virbereedung an der Klass

Musek wielen.

Oflaf vun der Aktivitéit

De Spielleiter freet, datt d’Spiller sech op der Bün verdeele sollen. All Schüler soll fir sech eleng op enger Plaz stoen, verdeelt wéi Beem am Bësch. Wann d’Spiller sech all verdeelt hunn op der Spillfläch, freet de Spielleiter nach eng Kéier no, ob déi ganz Bün dann och wierklech gefëllt ass an ob d’Spiller gutt verdeelt sinn oder ob et nach „Lächer“ op der Bün gëtt. Woubäi e Lach eng eidel Fläch ass, wou awer nach genuch Plaz wär fir e Spiller. Ier den einfache Prinzip vum Équilibre du plateau erkläert gëtt, sollen d’Spiller deemno selwer e bëssen ausprobéieren. Spielleiter: „Wéi géift dir iech all op der Bün/am Espace dobausse verdeelen, wann dir wéilt, datt d’Bün ‚kippe‘ sollt?“ „Wéi géift dir iech dann also opstellen, wann dir wéilt, datt d’Bün net op déi eng oder aner Säit kippe sollt?“

No an no kommen d’Spiller dropx an de Spielleiter ka sech elo nach eemol méi explizit erklären. D’Bün ass wéi e Plateau, en Teller, deen op engem spatze Géigestand balancéiert. Den Teller kippt net, well d’Gewiicht vun den Objeten, déi um Teller leien, optimal verdeelt ass. Wann dëst Gläichgewiicht awer net méi stëmmt, da kippt de Plateau no enger Säit. D’Spiller trëppele fir sech iwwer d’Bün. Jiddwer Spiller hält säi Privatraum a respektéiert och deem anere säi Privatraum. Et kann ee soen, datt dëse Privatraum 1 Meter am Krees ronderëm de Spiller besteet a keen dës imaginär Sphär betrieden däerf.

Gëtt eemol an d’Hänn geklappt, bleift de Spiller direkt stoen a beweegt sech net méi. Gëtt zweemol an d’Hänn geklappt, geet de Spiller nees weider. De Spiller setzt sech ëmmer en Zil beim Goen. Och wann et nëmmen e Fleck iergendwou hannen am Raum op der Mauer ass oder baussen ee Bam. Wann hien dat Zil erreecht huet, da wiesselt hien d’Richtung zackeg, sicht sech direkt en neit Zil a geet zilstrebeg weider. De Spiller muss also aktiv, energesch an zilstrebeg trëppelen. Bei all Stopp, deen de Spielleiter freet, muss d’Bün/den Espace dobaussen am Gläichgewiicht sinn.

Dat heescht also, datt d’Spiller beim Trëppelen ausser hirem eegenen Zil och ëmmer déi ganz Spillfläch am A behale mussen. Si hale wärend dem Trëppelen déi identesch Distanz zoueneen a ginn aktiv a selbstänneg dohin, wou si e „Lach“ entdecken. No all Stopp zielt de Spielleiter haart fënnef Sekonnen of, wärend deenen d’Spiller Zäit hunn, fir eventuell Lächer zouzemaachen. No deene fënnef Sekonnen däerf kee Spiller sech méi beweegen. Wärend de Spillmomenter (baussent de Reflexiounsmomenter, déi de Spielleiter kloer definéiert), däerf ni geschwat ginn.

Nobereedung an der Klass

Allgemengen a fräien Austausch iwwer flott an intressant awer och méi schwéier a léierräich Momenter.

Dës Aktivitéit gët proposéiert vun

Makedra