
Dauer: 50 min
Fir d'Audiodatei kënnen ze lauschteren, muss een sech um Site www.mimamu.lu umellen
Kompetenze vum Léierplang
S’exprimer par la musique
- Interpréter un répertoire de chansons enfantines et de comptines adaptées à l’âge de l’enfant
- Sonoriser une histoire, une chanson, une comptine
Bouger sur de la musique
- Préparer et présenter ensemble de petits thèmes à l’aide de gestes, de la mimique, du langage
Material
1. Biller vun der Geschicht 2. Haut-parleur (Bluetooth) + Handy/Tablett/Laptop mat dem Lidd vum Site
Virbereedung an der Klass
/ alles kann dobausse gemaach ginn, just Material mathuelen
Oflaf vun der Aktivitéit
1. Aféierung (5min):
D’Kanner sëtzen sech an e Krees. Den Enseignant/D‘Enseignante hält d’Bild vum Haus an d’Luucht. De Kanner e Moment ginn, fir sech auszedrécken (Wat kéint an deem Haus sinn? Wou ass dat Haus? Wourëms kéint et an der Geschicht goen?...)
2. Haaptdeel A (20min):
a) D‘Lidd zesumme mat dem Enregistrement eemol virsangen. Dono den Inhalt beschwätzen, datt all Kand och versteet, wat dono gesonge gëtt. b) Beweegunge fir d’Lidd zesummen iwwerleeën (falls et un Inspiratioun feelt, si Beweegungen op der Metho_Tipp-Fiche um Site virginn)
c) D‘Lidd virsangen/virspillen an d’Kanner maachen d’Beweegunge mat. (2 mol widderhuelen)
5-10min Paus – Fräispill oder eng Beweegungspaus
3. Haaptdeel B (10min):
d) Liddertext a -melodie an Etappe mat de Kanner duerchhuelen (mat de Beweegungen direkt dobäi)
4. Iwwergangsaktivitéit (10min):
Datt d’Kanner Zäit hunn, den Text mol ze “verdauen”, kann ee mat de Kanner iwwer eng Geräischkuliss am Bësch nodenken an probéieren, mat den Objeten, déi een baussen fënnt, nozestellen. “Wéi kéint et sech wuel unhéieren, wann een aus dem Haus an eiser Geschicht erausgeet, sech vir op d’Trap setzt a gutt nolauschtert?”
Nobereedung an der Klass
An der Klass kann een d’Lidd spéider nach eemol widderhuelen
Iddien fir ze differenzéieren
- fräi loossen, ab wéini een den Text matsange wëll
- fräi loossen, ob d’Kand d‘Beweegung, de Gesang oder béides parallel maache wëll/kann
Dës Aktivitéit gët proposéiert vun
