Mir si raus

 

Mission Graffiti und Dekor

Theme
Eis gebaute Welt
Cycle
C2

D’Fichen „Eis gebaute Welt“ si bestellbar iwwert de Bon de commande du matériel didactique 2022-2023 (enseignement fondamental) oder hei drënner gratis eroflueden. Et kann een och en Aktivitéeitsrucksak bestelle fir mat op den Terrain ze huelen.

Dës Fiche gouf ursprénglech fir de C3 a C4 entwéckelt. D’Texter sollen dofir vum Enseignant/vun der Enseignante mëndlech erkläert ginn. D’Aktivitéite kënnen am C2 duerchgefouert ginn.

Dauer: 200-420 Minutten

Etapp 1 (Information): 15-20 Minutten

Etapp 2 (Recherche): 30-90 Minutten

• 2.1: 5-10 Minutten

• 2.2: 15-60 Minutten

• 2.3: 10-20 Minutten

Etapp 3 (Reflexion): 95-190 Minutten

• 3.1: 45-120 Minutten

• 3.2: 45-60 Minutten

• 3.3: 5-10 Minutten

Etapp 4 (Kreative Gestaltung): 60-120 Minutten

 

Kompetenze vum Léierplang

La langue luxembourgeoise, allemande, langue française – C2

Découverte du monde par tous les sens, éveil aux sciences, sciences naturelles et humaines / Éveil aux sciences – C2

L’expression créatrice, l’éveil à l’esthétique et à la culture dans le domaine des arts plastiques – C2

Material

Fiche „Eis gebaute Welt – Mission Graffiti und Dekor“, eng Fiche pro SchülerIn, Detektivnotizblieder (weider Kopie maachen no Bedarf), Eis gebaute Welt Rucksak (1x pro Klass), Fotoapparat oder Tablett, Drucker, Pech, Schéier, Klemmbrieder fir all d’Kanner a Schreifmaterial

Virbereedung an der Klass

All Informatiounen zur Virbereedung an zum Oflaf stinn op der Fiche.

• Etapp 1 (Information): an der Klass oder dobaussen (am Duerf oder an der Stad wou d’Schoul ass oder op enger anerer Plaz am Land am Kader vun engem Schoulausfluch)

• Etapp 2 (Recherche): dobaussen (am Duerf oder an der Stad wou d’Schoul ass oder op enger anerer Plaz am Land am Kader vun engem Schoulausfluch)

• Etapp 3 (Reflexion): an der Klass oder dobaussen (am Duerf oder an der Stad wou d’Schoul ass oder op enger anerer Plaz am Land am Kader vun engem Schoulausfluch)

• Etapp 4 (Kreative Gestaltung): dobaussen, am Schoulhaff oder op enger Plaz wou keng Autoe fueren an d’Kanner mat Kräid op de Buedem molen dierfen

Oflaf vun der Aktivitéit

Etappen 1-4 laut Fiche „Eis gebaute Welt – Mission GRAFFITI UND DEKOR“

Nobereedung an der Klass

keng Nobereedung, d’Fiche ass eng komplett Missioun; eventuell d’Kanner ëm Feedback froen zum Oflaf, zur Motivatioun, zum Léiereffekt asw.

Iddien fir ze differenzéieren

Etapp 1 (Information):

• d’Thematik vum Zesummeliewen an de Reegelen an enger Gemeinschaft ausschaffen

• Vokabulaire op Däitsch a Franséisch aféieren

Etapp 2 (Recherche):

• Vokabulaire op Däitsch a Franséisch aféieren

• D’Graffitien an d’Dekoren, déi d’Kanner fannen, kënne just fotograféiert ginn, fir Zäit ze gewannen. Wa méi Zäit zur Verfügung steet, da kënnen d’Kanner se och skizzéieren.

Etapp 3 (Reflexion):

• Fir Zäit ze gewannen: Gruppendiskussioun, vun der Léierpersoun moderéiert; e puer Aussoen auswielen, fir d’Diskussioun ze verkierzen

Etapp 4 (kreativ Gestaltung):

• Eenzel-, Tandem oder Gruppenaarbecht

• Ggf. déi verschidde Graffitie beschreiwen a matenee vergläichen

Dës Aktivitéit gët proposéiert vun
Martine Bintner, professeure-architecte (martine.bintner@education.lu) Nadine Brix, professeure-architecte (nadine.bintner@education.lu)