Mir si raus

 

Klatschronn !

Theme
Makedra Maach (k)een
Cycle
C2
C3
C4

D’Spill an engem Saz: E „Klatsch“ leeft duerch de Krees, a béid Richtungen, mol schnell, mol ganz lues.

Zil: Ech kréien e „Klatsch“ a ginn e weider oder schécken en zeréck.

Dauer: 10-30 Minutten

Kompetenze vum Léierplang

Beweegung, Sport, Konscht

Material

Musek als Begleedung op enger Anlag (JBL, asw.)

Virbereedung an der Klass

Explikatioune virum Spill: D’Schüler stinn am Krees. Et soll sou vill Distanz tëschent de Spiller sinn, datt et méiglech ass, sech mat ausgestreckten Äerm op der Plaz am Krees ze dréinen, ouni widdert seng zwee Noperen ze kommen.

Dës Übung brauch kee Material.

Et kann een eng éischt gemeinsam Ronn maachen (10 Minutten) a spéider de Grupp an zwee deelen. Sou kann all Grupp ofwiesselnd eemol nokucken an eemol spillen (2 x 10 Minutten). Zousätzlech kann een nach Variatiounen ausprobéieren oder neier erfannen (20 Minutten).

D'Léierpersoun verlaangt vun de Spiller, d’Klatschronn ze beobachten a sech genau ze konzentréieren op dës Beobachtungspunkten: - Respektéiert de Spiller d’Angaben (Präzisioun)? - Huet de Spiller Spaass (Kierperenergie)?

  • De Spiller, dee beobacht, soll sech a senger aktiver „Klatschronn“ op seng Präzisioun an Energie konzentréieren.
  • De Spiller fänkt dës Klatschronn un, andeems hien op senger Plaz am Krees steet an seng neutral Schauspillpositioun anhëlt. • Aekontakt mat menge Matspiller (ech ginn eréischt ee „Klatsch“, wann ech Aekontakt opgeholl hunn).
  • De „Klatsch“ mat Präzisioun ausféieren. • Spaass an Energie hunn.

Oflaf vun der Aktivitéit

D’Spiller ginn e „Klatsch“ duerch de Krees. Ech kucke mäi Matspiller an d’Aen a klappen dobäi eemol an d’Hand, andeems ech dëse „Klatsch“ an seng Richtung schécken.

En éischte Spiller fänkt un, sengem lénksen oder rietsen Noper e „Klatsch“ ze schécken. De Spiller, deen de Klatsch kritt, gëtt dëse weider un deen drëtte Spiller an sou weider. De „Klatsch“ dréint am Krees.

Wann d’Spiller et fäerdegbréngen, de „Klatsch“ reegelméisseg an ëmmer méi séier dréinen ze loossen, da kann och e Richtungswiessel gemaach ginn. De Spiller, deen de „Klatsch“ vun elo u kritt, kann dësen entweder weiderginn oder duerch en „duebele Klatsch“ zeréckginn an doduerch d’Richtung wiesselen.

Nobereedung an der Klass

Allgemengen a fräien Austausch iwwer flott an intressant awer och méi schwéier a léierräich Momenter.

Iddien fir ze differenzéieren

  • Eliminatiounsronn: de Spiller, deen e „Feeler“ mécht, muss sech op de Buedem sëtzen. Hie verléisst dobäi net de Krees. D’Klatschronn ass fäerdeg, wa just nach dräi Spiller bleiwen. Et kënnen also zwou Gruppe gemaach ginn, déi géintenee spillen. Déi zwou Klatschronne spille parallel, an déi Grupp, déi am längste spillt (mat op d’mannst dräi Spiller), huet gewonnen.
  • Kreativronn: De Spiller däerf de „Klatsch“ ersetzen duerch eppes aneres (eng aner Beweegung mat engem anere Geräisch). Et ass awer flott, wann nach weiderhin eng Mëschung besteet. Déi eng maache weiderhin e „Klatsch“, déi aner ganz iwwerraschend eppes Neies.

Dës Aktivitéit gët proposéiert vun

Makedra