Mir si raus

 

Djambe, Djambe

Theme
MiMaMu Mir maache Musek
Cycle
C4

Fir d'Audiodatei ze lauschteren, muss een sech bäi www.mimamu.lu umellen

https://www.mimamu.lu/db/2/1446721375611

 

Kompetenze vum Léierplang

S’exprimer par la musique

  • Chanter avec assurance et expression des chansons de différents genres et langues
  • Faire preuve de discipline et de persévérance lors des répétitions

Bouger sur de la musique:

  • Exécuter de façon coordonnée des mouvements simples sur musique

Material

  • Portabelen Haut-parleur mat engem Telefon/enger Tablett/… 
  • Affiche mat den Schrëtt
  • Affiche mat dem Text

Danzschrëtt

Virbereedung an der Klass

/ d’Material mathuelen

Oflaf vun der Aktivitéit

1. Aféierung/ Am Krees (10 min)

  • Lidd „Djambe, Djambe“ ofspillen
  • d‘Kanner sinn all an engem Krees (stoen oder sëtzen)
  •  1 vun de Kanner huet eppes an der Hand, wat hien dobausse fonnt huet (Steen, Zap, Bengel, …)
  • Soubal d‘Musek ugeet, muss deen Objet weidergi ginn, am Takt – wann dat gutt klappt, kann een eppes Weideres an Ëmlaf ginn

2. Danz léieren (15 min)

  • D’Kanner stellen sech all verdeelt hannert der Léierpersoun op. Wéi am Zumba gëtt den Danz de Kanner schrëttweis virgewisen a si maachen en no (ouni Musek ufanks) - Imitéieren
  • an dem Dokument sinn d’Etappen an A, B, C, D agedeelt !

Et ass wichteg, de Kanner de Réck gedréit ze hunn, soss ass et ze schwéier, spigelverkéiert d’ Beweegungen ze maachen !

3. Lidd (15 min)

  • Lidd bewosst lauschteren (wie kann, dierf scho matsangen)
  • Text weisen > Lidd kuerz mat de Kanner eestëmmeg sangen an dono ufänke mat dem Kanonopbau (2 Gruppen)
  • Ee séchere Sänger muss an all Grupp sinn, deen déi aner matzitt

4. Danz widderhuelen (10 min)

  • Danz nach eemol kuerz ouni Musek widderhuelen
  • mat der Musek maachen

Nobereedung an der Klass

Deen Danz kann ee super als Beweegungspaus huelen, wa gutt Wierder ass. Da geet d’ganz Klass fir 5min an den Haff, et gëtt eemol gedanzt an da geet et nees zeréck an d’Klas.s

Iddien fir ze differenzéieren

Danz:

  • ouni ze klappen
  • d’Kanner sollen sech selwer aussichen, wou si stoe wëllen (méi hannen oder éischter vir)

Gesang:

  • mat Bodypercussion oder ouni
  • beim Kanon ass et ëmmer méi einfach am Grupp ze sinn, deen ufänkt

Dës Aktivitéit gët proposéiert vun

Mimamu