
Fir d'Audiodatei ze lauschteren muss een sech bäi www.mimamu.lu umellen.
Boomwhackers Warm-up:
https://www.mimamu.lu/db/2/1434760734384 (Aféierung Boomwhackers fir Léierpersonal a Kanner)
Begleetmusek:
https://www.mimamu.lu/db/2/1438209975949
Da-Ba-Du-A:
https://www.mimamu.lu/db/2/1494700936513
Kompetenze vum Léierplang
S’exprimer par la musique
- Accompagner des chansons avec son corps et des instruments variés disponibles en classe/à l’école
- Interpréter et mémoriser un répertoire de chansons adapté à l’âge de l’enfant
Bouger sur de la musique:
- Exécuter de façon coordonnée des mouvements simples sur musique
Material
- Boomwhackers
- Haut-parleur (Bluetooth) + Handy/Tablett/Laptop mat dem Lidd
- Kleng Affiche mat dem Text
- Kleng Affiche mat der Partitur fir d’Boomwhackers
Virbereedung an der Klass
/ alles kann dobausse gemaach ginn, just Material mathuelen
Oflaf vun der Aktivitéit
1. Aféierung/ Warm-up (10 min)
Übungen am Krees > kann ee sech 2-3 Übungen vum Site eraussichen.
2. Lidd mat de Boomwhackers begleeden (10min) <<< Kanner an 3 Gruppen andeelen.
3. Text + Schrëtt an engems léieren (20min) Am einfachsten geet et tatsächlech, wann den Text mat de Schrëtt zugläich geléiert gëtt. Do huet ee lo d’Méiglechkeet, déi liicht oder déi méi schwéier Versioun vum Danz auszesichen. Bei där éischter trëppelt een normal no vir, dann no hannen, bei där zweeter geet et iwwer Kräiz.
Da-ba-Deel
Schrëtt no vir (riets) – S. n. vir (lénks) S. n. hannen (riets) – S. n. hannen (lénks) D’Beweegung maachen d’Kanner vu vir era ganz, matsangen dinn se Schlag fir Schlag (kann een och als Call-Respond maachen – mol ass et un dem/der Enseignant(e), mol un de Kanner
- Da-ba Paus Paus Paus (e puer mol)
- Da-ba Du-ba Paus Paus (e puer mol)
- Da-ba Du-ba Da-ba Paus (e puer mol)
- Da-ba Du-ba Da-ba Ba-du-a (e puer mol)
Lo kann een entweder d’Lidd als Kanon üben oder et deelt een d‘Kanner a Gruppen op. Déi eng spillen d’Boomwhackers, déi aner danzen an en drëtte Grupp séngt.
Nobereedung an der Klass
Et kann een d‘Lidd wann et bis sëtzt immens flott als Beweegungspaus notzen
Iddien fir ze differenzéieren
- Egal wéi kuerz den Text ass, ëmmer och visuell zur Verfügung stellen
- béid Dänz weisen, an si kënne fir sech selwer wielen (bzw. villäicht eng nei Schrëttfolleg fannen)
- Kanon maachen oder net
- sech a Gruppen zesummefannen an eng Art Danz-Battle maachen
Dës Aktivitéit gët proposéiert vun
