
Dauer 30-60 Minutten
Kompetenze vum Léierplang
Langues : Production orale
Mathématiques : Espaces et formes
Mathématiques : Nombres et opérations
Sciences : Découverte de l'espace et de l'environnement
Material
Fotoapparat / Tablet
Virbereedung an der Klass
Virun der Aktivitéit soll am Sëtzkreess Thema Piktogrammer a Codes am Alldag kuerz ugeschwat ginn. Den Enseignant kann als Impuls 1-2 Beispiller aus der Schoul ginn (z.B. Toilettenzeechen, Raumnummer, etc.). Duerno kënne Schüler*inne selwer Beispiller nennen.
Oflaf vun der Aktivitéit
Bei engem Spadséiergang duerch Duerf/Stat probéiere mer esou vill Piktogrammer a Codes ewéi méiglech ze identifizéieren a mat enger Foto festzehalen.
Nobereedung an der Klass
Déi gesammelt Fotoe kennen digital oder rausgeprint der Klass presentéiert ginn. Am Uschloss kënne Piktogrammer an Codes kategoriséiert a sortéiert ginn (z.B. C1: no Faarwen oder am C4: Sproochegebonnen oder net).
Iddien fir ze differenzéieren
Aus de gesammelte Fotoen kann am Uschloss e Rallye geplangt ginn. Et kann een och no thematesche Piktogrammer sichen (z.B. Verkéier, Verbueter, etc.). Niewent visuelle Codes kann och no auditive Codes (z.B. Ticke vun der Luucht beim Zebrasträifen) gesicht ginn.