
Theme
Makedra Maach (k)een
Cycle
C1
Dauer 3-5 min
Kompetenze vum Léierplang
Beweegung, eegene Kierper wouer huelen
Material
Musek fir ze danzen
Virbereedung an der Klass
D’Kanner solle Plaz hu fir sech ze beweegen.
Oflaf vun der Aktivitéit
- D'Kanner verdeele sech a stelle sech esou, dass se Plaz hunn.
- Si musse ganz roueg stoe bleiwen.
- Wann d’Musek ugeet, weist den Enseignant wéi ee Kierperdeel danzt. zB: Wann de klenge Fanger danzt, dann danzt just dee klenge Fanger. De Rescht vum Kierper ass ganz roueg.
- Wärend dem Lidd danzen een nom aneren ëmmer aner Deeler vum Kierper.
- Tëschent all Deel ëmmer eng Paus maache vun 2-3 Sekonnen.
Een Oflaf kéint sinn:
Ganz roueg – Musek – ee Fanger danzt – mini Paus – dee selwechte Fanger op där anerer Hand danzt - mini Paus – déi riets Hand danzt – mini Paus – déi lénks Hand danzt – mini Paus- dee rietse Fouss danzt – asw.
Iddien fir ze differenzéieren
- Kanner kënnen och den Danz leeden. Ee Kand weist deenen aneren, wéi ee Kierperdeel danzt.
- Et mécht een eng méi lues Musek un. Sou mussen d’Kanner méi lues danzen, de Kierper méi kontrolléieren.
Dës Aktivitéit gët proposéiert vun
Gregory Melmer