Mir si raus

 

Drama-Bréck!

Theme
Makedra Maach (k)een
Cycle
C3
C4

D’Spill an engem Saz: Zwou Figure begéinen sech op der “Bréck” a wëllen déi aner iwwerzeegen, Plaz ze maachen, fir eriwwerzekommen op déi aner Säit.

Zil: variéiert Inhalter (Informatiounen, Beschreiwunge vu Plazen a Figuren, allgemeng Detailer asw.) zu enger Geschicht erfannen a glaubhaft ziele kënne wärend enger kuerzer, mee intensiver Schauspillsituatioun.

Dauer: 20-30 Minutte

Kompetenze vum Léierplang

Konscht, Beweegung a Sproochen

Material

Am Spillraum stinn zwee Still (oder eng Alternativ). Verbonne sinn déi zwee Still, déi vis-à-vis vunenee stinn, duerch eng Markéierung um Buedem, déi eng Bréck symboliséiert. Dat kann e Seel sinn, Kräid, Tape asw.

D’Spiller sëtze sou laang op de Still, wéi si sech konzentréiere wëllen.

D’Spill selwer fënnt an der Mëtt vun der symbolescher Bréck statt.

All Tour dauert ënnerschiddlech laang, well den Tour ëmmer dann eriwwer ass, wann ee vun de Spiller verluer huet. Et kann een dëst Spill deemno wärend enger gewënschter Zäit spillen. An där Zäit kënnen d’Spiller dann och sou oft probéieren, wéi se wëllen. D’Klass wielt eng  spannend Musek, déi am Hannergrond matlafen kann.

Virbereedung an der Klass

Ech iwwerleeë mir eng Geschicht an dobäi si wichteg:

1. Meng Etappen (Ufank, Spannungsbou, Mëtt, Schluss) a

2. vill Detailer. Eventuell molen ech meng Geschicht op ee Blaat als Virbereedung.

Oflaf vun der Aktivitéit

An der Mëtt vun enger Bréck begéinen sech zwee Spiller. Béid Spiller wëllen onbedéngt op déi aner Säit vun der Bréck. D’Bréck ass awer sou schmuel, datt si net zu zwee laanschteneekommen. Et muss also een Demi-tour maachen, fir deen aneren eriwwer ze loossen. Dono fält d’Bréck och zesummen an et kritt also just een d’Chance, eriwwerzekommen. Mee wie léisst dann elo wien eriwwer?

Ganz einfach, dee Spiller, deen déi iwwerzeegendst a glaubhaftst Geschicht zielt, kann eriwwer. Wéi leeft dat konkret of?

Zwee Spiller treffen sech, no deem se sech konzentréiert hunn op hire respektive Still, an der Mëtt vun der Bréck. Si kommen sech méi no, bleiwe stoen, a fänken zäitgläich u mat schwätzen. Déi zwee Spiller schwätzen déi ganzen Zäit mateneen a kee lauschtert deem aneren no. Allen zwee zielen si hir Geschicht. Firwat mussen si eriwwer? Wat ass geschitt? Wee mussen si retten? Wat brauchen si dofir? Béid Spiller mussen, vun enger Ufanksiddi aus, improviséieren. Si mussen Inhalter zur Geschicht spontan erfannen. Wann ee Spiller mierkt, datt deen anere Spiller méi staark ass, da léisst hien e laanscht. Et geet also an dësem Spill och vill drëms, deen aneren an sech selwer anzeschätzen an eng Spillsituatioun insgesamt objektiv bewäerten ze kënnen.

De Spielleiter huet zu all Moment d’Recht, fir ee vun de Spiller ze eliminéieren. Wéini genau?

1. Wann de Spiller sech ze vill widderhëlt an ëmmer nees dat selwecht seet a keng nei a spannend Inhalter derbäisetzt.

2. Wann de Spiller mat deem anere Spiller interagéiert. Hien däerf dat net. Hien däerf just mat senger Geschicht iwwerzeegen an net mat deem anere Spiller kommunizéieren. Hien däerf net soen: „Looss mech laanscht!“, „Géi op d’Säit, ech wëll eriwwer!“ asw.

3. De Spiller, dee laacht an deen net an der richteger Emotioun spillt, ass direkt eliminéiert. Et geet natierlech an dësem Spill drëms, eng Roll ze spillen.

Nobereedung an der Klass

Allgemengen a fräien Austausch iwwer flott an intressant awer och méi schwéier a léierräich Momenter.

Iddien fir ze differenzéieren

1. Fir d’Spill méi einfach unzefänken: D’Spiller kommen net eleng, mee am Grupp vun enger Säit vun der Bréck. Déi zwou Gruppe kréien ofwiesselnd Zäit fir hir Geschicht an de Grond, firwat si eriwwer wëllen, ze erklären. Wa béid Gruppe fäerdeg sinn, gëtt decidéiert, wéi ee Grupp muss eriwwergelooss ginn. Net well e besser war, mee wéinst dem Inhalt vun der Geschicht. Et geet vill ëm den Inhalt vun der Geschicht an all Form vun Erzielung ass gutt.

2. Ech konzentréiere mech op 1. meng Geschicht an hir Inhalter, 2. meng Roll (ech soll net „privat“ laachen an och eng Emotioun spillen). Ech sinn en Deel vum Grupp. Et gëtt am Grupp decidéiert, wie wéini schwätzt. Oder ob ee Spiller guer net schwätzt an d’Geschicht just kollektiv duerch seng Kierperhaltung ënnerstëtzt. Et gëtt no der Basisspielanleitung gespillt, ausser datt den eenzelne Spiller e Grupp vu Statisten (Schauspiller, déi matspillen, awer keen Text soen) als Ënnerstëtzung hannert sech huet. Ab dësem Niveau kann och no all Tour eng Observatiouns- a Reflexiounsronn gemaach ginn. Wéi huet de Spiller gespillt? Huet hien d’Uweisunge respektéiert? War hien dauernd a senger Roll?

3. D’Basisspielanleitung ka benotzt ginn. De Prinzip vun dësem Spill kann och genotzt ginn, fir ee bestëmmten Theatertext ze üben, en Exercice also fir d’Memorisatioun an d’Konzentratioun.

Dës Aktivitéit gët proposéiert vun

Makedra