Mir si raus

 

D'Karawann vun der Symmetrie

Theme
Bëschschoul Useldéng
Cycle
C1
C2
C3
C4

Kompetenze vum Léierplang

Mathé ( Verdopplung, Symmetrie), Eveil aux sciences, mat alle Sënner

Material

e klenge Spigel fir all Kand

Oflaf vun der Aktivitéit

D’Kanner stellen sech een hannert den aneren a pake mat enger Hand d’Schëller vun deem Kand un, wat virun hinnen ass. An där anerer Hand hu si de Spigel an halen sech deen ënnert d’Aen. Elo gesinn si de Bësch vun ënnen. En Erwuessene geet vir (huet kee Spigel) a féiert d’Karawann ganz lues duerch d’Natur oder de Schoulhaff. Duerno kënnen d’Kanner och aleng mam Spigel goen.

Duerno kucken d‘Kanner d’Natur, de Schoulhaff mam Spigel a fanne ganz flott Saachen eraus, déi se hirer Klass erzielen oder opschreiwen.

Dës Aktivitéit gët proposéiert vun
Fabienne Mertens, Bëschschoul Useldeng