
D’Fichen „Eis gebaute Welt“ si bestellbar iwwert de Bon de commande du matériel didactique 2022-2023 (enseignement fondamental) oder ët kann een se einfach hei drënner gratis eroflueden. Et kann een och en Aktivitéeitsrucksak bestelle fir mat op den Terrain ze huelen.
Dëss Fiche gouf ursprénglech fir de C3 an C4 entwéckelt. D’Texter sollen dofir vum Enseignant/vun der Enseignante mëndlech erkläert ginn. D’Aktivitéite kënnen am C2 duerchgefouert ginn.
Dauer: 200-420 Minutten
Etapp 1 (Information): 15-20 Minutten
Etapp 2 (Recherche): 30-90 Minutten
• 2.1: 5-10 Minutten
• 2.2: 15-60 Minutten
• 2.3: 10-20 Minutten
Etapp 3 (Reflexion): 95-190 Minutten
• 3.1: 45-120 Minutten
• 3.2: 45-60 Minutten
• 3.3: 5-10 Minutten
Etapp 4 (Kreative Gestaltung): 60-120 Minutten
Kompetenze vum Léierplang
- La langue luxembourgeoise, allemande, langue française – C2
- Découverte du monde par tous les sens, éveil aux sciences, sciences naturelles et humaines / Éveil aux sciences – C2
- L’expression créatrice, l’éveil à l’esthétique et à la culture dans le domaine des arts plastiques – C2
Material
Fiche „Eis gebaute Welt – Mission SMILEY“, eng Fiche pro SchülerIn,
Eis gebaute Welt Rucksak (1x pro Klass),
Kartong, Faarwen, Pech, Schéier, variéiert Bastelmaterial,
Fotosapparat oder Tablett,
Drucker
Virbereedung an der Klass
All Informatiounen zur Virbereedung an zum Oflaf stinn op der Fiche.
• Etapp 1 (Information): an der Klass oder dobaussen (am Duerf oder an der Stad, wou d’Schoul ass oder op enger anerer Plaz am Land am Kader vun engem Schoulausfluch)
• Etapp 2 (Recherche): an der Klass
• Etapp 3 (Reflexion): dobaussen (am Duerf oder an der Stad wou d’Schoul ass oder op enger anerer Plaz am Land am Kader vun engem Schoulausfluch)
• Etapp 4 (Kreative Gestaltung): an der Klass oder dobaussen, am Schoulhaff oder op enger Plaz, wou keng Autoe fueren an d’Kanner mat Material hir „Hütten“ ongestéiert baue kënnen (z. B. am Park, am Bësch)
Oflaf vun der Aktivitéit
Etappen 1-4 laut Fiche „Eis gebaute Welt – Mission SMILEY“
Nobereedung an der Klass
keng Nobereedung, d’Fiche ass eng komplett Missioun; eventuell d’Kanner ëm Feedback froen zum Oflaf, zur Motivatioun, zum Léiereffekt asw.
Iddien fir ze differenzéieren
Etapp 1 (Information):
• d’Thematik vun de Sënnesorganer wëssenschaftlech opschaffen
• Vokabulaire op Däitsch a Franséisch aféieren
Etapp 2 (Recherche):
• Vokabulaire op Däitsch a Franséisch aféieren
• D’Kanner spillen eng kleng Zeen, an där si d’Haiser vun de Fotoe mat den Nimm, déi si erfonnt hunn, virstellen
• Fir Zäit ze gewannen: Punkt 3 nëmme mëndlech maachen
Etapp 3 (Reflexion):
• Den Trajet am Viraus zesumme plangen an op enger Kaart androen
• Den Trajet nodréiglech op enger Kaart androen
Etapp 4 (kreativ Gestaltung):
• Eenzel-, Tandem oder Gruppenaarbecht
• Kreatioune virstellen a Konzept erklären an deem de Vokabulaire zu den Emotiounen, deen agefouert ginn ass, benotzt gëtt.