Mir si raus

 

Bomm’li Bommel

Theme
MiMaMu Mir maache Musek
Cycle
C2

Fir d'Audiodatei ze lauschteren muss een sech op www.mimamu.lu umellen.

https://www.mimamu.lu/db/2/1417111867412

 

Kompetenze vum Léierplang

S’exprimer par la musique

  • Interpréter avec expression et mémoriser un répertoire de chansons enfantines adapté à l’âge de l’enfant
  • Exploiter les ressources sonores de la voix parlée et chantée

Material

  • Blieder mat dem Text
  • Haut-parleur (Bluetooth) + Handy/Tablett/Laptop mat de Versioune vum Lidd “playback” a “playback Voice”
  • Foto vun enger Bommel (digital oder analog)

Virbereedung an der Klass

/ alles kann dobausse gemaach ginn, just Material mathuelen

Oflaf vun der Aktivitéit

1. Aféierung (5min):

D’Kanner opfuerderen ganz roueg ze sinn an ze lauschteren (1min).

D’Kanner sollen der Natur mol nolauschteren fir Insekten ze lokaliséieren.

No dëser roueger Aktivitéit kann ee sech ganz kuerz domadder beschäftegen, wéi eng Insekten et ginn. Net all Kand weess, wat eng Bommel ass (e Bild weisen).

2. Stëmm opwiermen

Insekten imitéieren (10min): Déi meescht Insekte kann een imitéieren, andeems een e laange “Sss” ausschwätzt. Mir maachen elo, wéi wa mir eng Méck an der Hand hätten. Flitt eis Méck an d’Luucht, da geet den Toun erop, flitt se erof, sou hëlt se den Toun mat. Mir ginn eis Méck vun engem Kand zum nächste weider. Wien se am Grapp huet, dee mécht och d’Vertounung (soss keen).

Lo kann een awer och variéieren:

  • Lëpse schwénge loossen (esou kléngen déi grouss Beelen am Süden)
  • einfache “Ssss” ausblosen (wéi eng Bei oder eng Méck)
  • gequëtschte “Ssss” duerch Zong hannert den ieweschten Zänn (da klengt et méi héich, wéi bei enger Moustique)
  • villäicht hunn d’Kanner awer och nach aner Iddien

3. Bodypercussion (10min)

Fir de Kanner nach e bësse méi Zäit ze ginn, d’Lidd stressfräi ze léieren, wier et gutt, nach eng kleng Bodypercussion zum Lidd ze maachen.

4. Lidd léieren (20min):

Fir d’éischt de Refrain e puer mol zesumme opsoen. Lidd lauschteren an de Refrain scho probéiere matzesangen, Strofe matliesen. Ufanks sech op eng Strof konzentréieren (Inhalt duerchhuelen an Text matsangen).

>>> kann een nach eemol d’Bodypercussion widderhuelen

Nobereedung an der Klass

Dat ganzt Lidd mat der Karaokeversioun üben.

Interdisziplinaritéit:

Dauer: 50 min

Baussen: Landart zum Bommel – mat Steng, Bengelcher, Blieder, … e Bommel duerstellen (2D)

Bannen: e Bommel aus enger aler Dous bastelen; Pompon-bommel, …

Iddien fir ze differenzéieren

Jidderee mécht de “Sss” esou laang wéi e kann – Strofe mussen och dobaussen net direkt matgesonge ginn.

Dës Aktivitéit gët proposéiert vun

Mimamu