
Dauer: 15 bis 20 Minutte
Kompetenze vum Léierplang
Oflaf vun der Aktivitéit
Ee Kand ass den Haaptcodéierer – di aner sinn d’Roboter. D’Kanner stelle sech ronderëm den Haaptcodéierer an e Krees. Dësen definéiert en Zil, wou d’Klass higoe soll. Wann d’Zil definéiert ass, ginn d’Befeeler mam ABC verknüpft fir se ze standardiséieren. Beispill:
- wann ech „A“ soen, dann maacht dir e Schrëtt no vir
- wann ech „B“ soen, dann kuckt dir op de Bam deen ech definéiert hunn
- wann ech „C“ soen, dann …
Nobereedung an der Klass
• Firwat ass et wichteg e gemeinsamen Code festzeleeën? A wéi engen Beräicher schafft een mat Code?
• Wéini ass de Programm effizient - also kommen d’Roboter op der definéierter Plaz un?
• Mat wéiengen Befeeler funktionéiert dat am Beschten?
• Begrëffer déi ugewand ginn: Befeel, Code, Befeelsketten, Algorithmus, Programm, Variabel, ...
Iddien fir ze differenzéieren
Et kann een och maachen, datt all Kand à Tour de Rôle nei Befeeler definéiert. D’Kand 1 definéiert den Befeel « E », d’Kand 2 definéiert de Befeel « S », etc. Sou ginn d’Befeeler kontinuéierlech weiderentwéckelt an vum Grupp gemeinsam entscheed. An dëser Variant gëtt d’Zil eréischt definéiert wa bis 4 Befeeler ausgeschafft goufen, ab dem 5. Kand also. Eng weider Méiglechkeet ass fir Konditiounen mat eranzebréngen.
Als Beispill:
- All d’Roboter, déi virum Programméierer stinn dréien sech bei den Bam A. Wa se net virdru stinn, dréien se sech bei de Bam B.
- Wann haut d’Sonn scheint dréie mer eis bei A, soss bei B.