Mir si raus

 

Drama-Run

Theme
Makedra Maach (k)een
Cycle
C3
C4

D’Spill an engem Saz: D’Spiller lafen eng Course, a wien als Leschten ukënnt an am lueste gelaf ass, huet gewonnen.

Zil: De Spiller investéiert sech e kuerze Moment laang ganz intensiv op der Bün/am Espace dobaussen (Kierperspannung an Energie) an ass sech dobäi bewosst iwwer säin duebelt Zil, dat hien huet, als Schauspiller an als Drama-Charakter.

Dauer: 20-40 Minutte

Kompetenze vum Léierplang

Sport, Konscht, Expressioun

Material

D’Course soll sou am Raum dobaussen organiséiert sinn, datt de Publikum sou vill wéi méiglech gesäit. D’Leefer kënnen zum Beispill op de Publikum duerlafen (also frontal). Oder d’Course kann diagonal duerch de Spillraum goen.

Als Material ass et flott, en Zilobjekt ze wielen. Dëst soll et de Spiller erméiglechen, e visuellen Halt ze hunn (Gewënnercoupe, Medail asw.). D’Spiller lafen a Gruppen zu sechs. Jiddwer Spiller kann an enger Seance e puermol lafen. Den Zäitopwand ass deemno variabel.

Virbereedung an der Klass

• Eng flott Musek wielen déi passt als Begleedung (Beispill: “We are the Champions” vu QUEEN)

• Den Zäitluppentempo erlaabt et dem Publikum, fir e méi genaue Bléck vun der Course ze kréien. Dës Zäitlupp soll also mat Präzisioun a physeschem Investissement ausgefouert ginn. De Spiller ass aktiv an huet dofir awer Momenter, wou hien am Spill (an ouni datt de Publikum et mierkt), recuperéiere kann (zum Beispill dee Moment, wou hien um Buedem läit, kuerz ier hien nees opsteet, fir weiderzelafen, asw.).

• Et soll dem Spiller bewosst ginn, datt hien eng Verflichtung vis-à-vis vu sengem Publikum huet. De Spiller ass do, fir säi Publikum ze ënnerhalen. De Spiller entwéckelt e Bewosstsinn dofir a weess, datt dës Verflichtung och en aktive physeschen a mentalen Effort vun him verlaangt (dës Slow Motion vu vir bis hanne konsequent duerchzespillen, ass physesch ustrengend, awer net onméiglech). Theater gëtt dem Spiller deemno och als sportlech Aktivitéit bewosst.

Oflaf vun der Aktivitéit

D’Spiller stinn hannert enger Startlinn. Nom Startschoss leeft jiddwer Spiller am Zäitluppentempo a Richtung Zillinn. D’Spiller mussen eng Distanz vun 3 – 4 Meter „lafen“. Jiddwer Spiller bleift an senger Spur an däerf net fräi duerch d’ganzt Spillfeld lafen. De Spiller start an huet ëmmer säin Zil virun Aen. Dëst Zil kann och iwwert een Drama-Objet symboliséiert ginn (eng Gewënnercoupe aus Gold, déi éierens steet, asw.). Wat net heescht, datt de Spiller net och mol no lénks a mol no riets kuckt, fir ze wëssen, wou seng Matleefer dru sinn. Och kann a soll hie seng Emotioune vis-à-vis vun senge Konkurrenten dem Publikum matdeelen. Et entsteet also och eng Interaktioun tëschent de Matspiller, déi eleng iwwert e Bléck an eng Emotioun opgebaut ka ginn.

De Spiller ass also am dauerhafte Wiesselspill tëschent mäin Zil (wou wëll ech hin) a wou si meng Matleefer an hoffentlech verléieren ech net. Duebelt Zil: 1. Den Drama-Charakter wëll d’Course natierlech gewannen; hie gëtt sech drun, fir séier ze lafen. De ganze Kierper (vu Kapp bis Fouss) ass ugespaant an aktiv. Och d’Mimik vum Gesiicht ass ugespaant. Den Drama-Charakter weist seng Emotioune vis-à-vis vun deem Effort a vis-à-vis vun senge Matleefer.

2. De Schauspiller wëll gutt a laang spillen – de Spiller léisst sech natierlech Zäit. Hie leeft jo virun allem, fir säi Publikum ze ënnerhalen an net, fir datt d’Course no fënnef Sekonnen eriwwer ass. D’Zil ass also mäi Publikum a wéi vill Zäit an Energie ech investéieren, fir datt dësen ameséiert gëtt. Deen éischte Leefer, deen iwwert d’Zillinn leeft, huet also „gewonnen“ a gräift och no der Gewënnercoupe an hieft dës héich an d’Luucht. Jiddwer Spiller muss sou laang am Zäitluppentempo bleiwen, bis dee leschte Spiller iwwer d’Zillinn gelaf ass. Wann also tëschent deem éischten an deem leschte Spiller dräi Minutten Zäit bleiwen, da muss de Gewënner de Publikum weiderhin ënnerhalen (hie muss improviséieren an däerf net ophalen). D’Spiller fänken all zesummen un an halen och all zesummen nees op. Béi engem zweeten oder drëtten Tour kënnen d’Interaktiounen och méi wäit goen an net just iwwer de Bléck, mee och iwwer de Kierper provozéiert ginn. (d’Leefer kënnen sech géigesäiteg stoussen, op de Buedem falen, sech un de Been zéien a festhalen, eng Kläpperei ufänken asw.)

Nobereedung an der Klass

Allgemengen a fräien Austausch iwwer flott an intressant awer och méi schwéier a léierräich Momenter.

Iddien fir ze differenzéieren

Innerhalb vun de Spillreegelen, déi jiddwer Spiller respektéiere muss, soll jiddwer Spiller seng eege Kreativitéit investéieren, fir säi ganz eegenen Drama-Charakter ze weisen (wéi ee Charakter huet mäi Leefer a wat ënnerscheet dëse vun deenen aneren – léif? aggressiv? schei? verdreemt? asw.)

Dës Aktivitéit gët proposéiert vun

Makedra