Mir si raus

 

Mam Mila an de Bësch

Theme
Activités-nature, VdL
Cycle
C2

Dauer 2-3 Stonnen

Kompetenze vum Léierplang

Sproochen, éveil aux sciences (Natur am Bësch kenneléieren)

Material

  • Statiounekaarten + virbereet PDF (z.B. Bestëmmung),
  • Mila,
  • Spektiven,
  • Seeler,
  • Kierf + Saachen aus der Natur,
  • A5 an A4-Blieder, Bläistëfter, Bläistëftsfaarwen,
  • wäiss Dicher,
  • Zaange, fir den Dreck opzehiewen, Eemer

Oflaf vun der Aktivitéit

D’Statiounekaarte ginn am Bësch verdeelt, dat jeeweilegt Material läit dobäi. D’Kanner kënnen di verschidde Statiounen a Partneraarbecht erschaffen: Blieder bestëmmen, Blieder zeechnen, Natursaachen benennen, mat Spektiv beobachten, Mila verstoppen, Ofdrock vun enger Bamschuel, Blieder zeechnen, Bude bauen.

Dës Aktivitéit gët proposéiert vun

Activités-nature